ROCK

De "Jickeclub" ass eng nei Formatioun ronderëm de Songwriter Serge Tonnar. Mam Serge op der elektresche Gittar, dem Rom "Wäissen" Christnach um Bass an dem Dirk Kellen op der Battri bilden si wat een e "power trio" nennt, eng Zort Rockband déi um Enn vun den 1960er Joren opkoum. De Grupp huet sech gegrënnt no enger Aluedung fir e Concert um Glacis fir den Trounwiessel, de 4. Oktober 2025. Wärend 2 Méint hunn si e Programm vu 40 Minutten ageprouft an nei Arrangementer vum Serge senge Lidder gemaach. Well d'Organisateuren awer eng Bün gelount haten, op där et bei Reen onméiglech war ze spillen (am Oktober zu Lëtzebuerg), ass de Concert a leschter Minutt ofgesot ginn. Well déi 3 Jickefrënn awer Spaass un där neier Besetzung fonnt hunn, hunn si weider geschafft an och schonn e puer nei Lidder um Programm.

JICKECLUB

CONTACT

Bookings:

david@konektisentertainment.com

Previous
Previous

JAMBAL

Next
Next

JOEL MARQUES